[ Haaptmenü ]

LESCHT NEWS: Steffen annoncéiert Ännerungen

pic

04.Sep. 2010 - No zwou Néierlagen, enger onglécklecher géint Stengefort an enger ganz enttäuschender zu Uewerkuer, huet de Beggener Trainer Jos Steffen e puer Lektioune geléiert an och op Basis vum Frëndschaftsmatch zu Nidderkuer, annoncéiert hien e puer Ännerungen: 'Géint Hueschtert wäert ech d'Opstellung an och d'Taktik änneren', gëtt de Steffen an der Voix du Luxembourg zitéiert. Am Wort geht hien nach e bësse méi wäit: 'Mir mussen elo den Hiewel ëmleeën. Nodeems de Match géint Stengefort nach gudd war, hu mer zu Uewerkuer katastrofal gespillt. Fir de kommende Match gëtt eppes op takteschem awer och op personellem Plang geännert.' Et feelt em Steffen un enger verstänneger Erklärung fir d'aktuell Situatioun. An et kann een et net just domat justifiéieren, datt den Teixeira an Demeyer nach feelen. Egal wéi, et ass elo schonn Zäit Punkten ze sammelen an et gëlle keng Ausriede méi fir de klengen Derby matt Hueschtert muer.


Main Menu

Lescht News
Archiv
Matcher & Resultater
Tabell
Saison Statistiken
Equipe / Spiller
Réserven
Jugendmatcher
Aaner Evénementer
Kontakt

[ Säitenufank ]




© 2007 - 2010 Paul Krier & FC Avenir Beggen
Komplett Versioun: www.wichtelweb.net